De “Relais de l’Amitié” zu Bilschdref, ass ee vun den zwee nationale Formatiouns- an Animatiounszentere vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, gehéiert dem Mouvement zënter 1971. D’Haus entsprécht den aktuellen Hygiène- a Sécherheetsbestëmmungen, kontrolléiert vu staatlechen Institutiounen.

De “Relais de l’Amitié” ass equipéiert fir 48 Leit z’empfänken. D’Haus ass d’ganzt Joer duerch op fir Guiden – a Scoutsgruppen, jonk Leit, Kanner, Schoulklassen-Fondamental a Lycéeën, Maisons relais, Jugendhaiser, Erwuessegruppen, Familljen, privat Firmen, Sport- a Kulturveräiner fir Weekender, Campenger, Stagen, Formatiounen, Fester, asw … D’Locatioun vum Relais de l’Amitié gëtt un organiséiert Gruppe vu jonke Leit gemaach. D’Haus gëtt nëmmen un ee Grupp gläichzäiteg verlount.

Eng Wiss mat Méiglechkeet fir Aktivitéiten, Spiller, Lagerfeier, mat Fändelmast etc…. souwéi eng grouss Campplaz (bis zu 120 Leit) mat eegenem Chalet (klengen Openthaltsraum, sanitär Ariichtungen: WC, Lavaboen an Duschen) sinn um Site.

Depliant mat Präislëscht